1. Hëllef Cours fir Schüler aus dem Cycle 4

Op Initiativ vun de Sécherheetsdelegéierte vun der Stengeforter Grondschoul (Nathalie Rollin a Raphaël Bechet) gouf am 3. Trimester 2013/2014 en 1. Hëllef-Cours fir Schüler aus dem 5. a 6. Schouljoer organiséiert.

Während 2 schoulfräien Nomëtteger hu ronn 20 fräiwëlleg Schüler en 1. Hëllef-Cours fir Kanner beim Här Jeff Herr (http://herrjeff.lu/) besicht.

Aus eiser Klass hunn de Mika, d'Sarah, d'Kim, de Roy, d'Chiara an de Benjamin deelgeholl.

Unser Onlinekalender
Unser Onlinekalender
iam for kids
iam for kids
Antolin - Mit Lesen punkten!
Antolin - Mit Lesen punkten!