Stengeforter Chrëschtmaart 2015

E Sonndeg, den 20. Dezember 2015 hu mir um Stengeforter Chrëschtmaart eis Bastelaarbechten fir e gudden Zweck verkaf. Well Stengefort 2016 ee vun de Centre promesses vun "TELEVIE" ass, geet den Erléis vum Stengeforter Chrëschtmaart dëst Joer un TELEVIE (www.televie.lu)

Zesumme mat de Schülerinnen a Schüler aus deenen anere Klasse vun der Stengeforter Grondschoul an der Equipe aus der Maison Relais hu mir déi 2 Weekender eng Recette vun 3744,70 EUR gemaach (Gewënn: 2738,98 EUR).

Iech all villmools Merci fir ären Asaz fir dëse gudden Zweck! Ee besonnesche MERCI geet un d'Laura, de Joao, de Satya, de Jacques, de Kevin, de Lou, den Alex an de Patrick, déi de Sonndeg an eisem Chalet beim Verkaf gehollef hunn!

Unser Onlinekalender
Unser Onlinekalender
iam for kids
iam for kids
Antolin - Mit Lesen punkten!
Antolin - Mit Lesen punkten!