Fête de la Musique

2017 ass fir 1. Kéier eng Fête de la Musique zu Stengefort. Zum Optakt vun der Fête de la Musique an der Gemeng Stengefort, stoung de Freideg 16. Juni 2017 an der Grondschoul ganz am Zeeche vun der Musek. Moies kruten d'Schüler vun deene 4 Cyclen e sëllechen Atelieren a Virféierunge gebueden an hu vill interessant a flott Erfahrungen an ënnerschiddleche Beräicher vun der Musek gemaach. Mëttes stoung dun dee grousse Concert am Centre Roudemer um Programm. No ville Prouwen an deene Woche virdrun hunn déi iwwer 380 Schoulkanner an dat ganzt Léierpersonal Lidder a Musekstécker viru ganz villen Elteren, Grousselteren, Frënn a Bekannten, a Vertrieder vun der Gemeng an der Schoulinspektesch, opféiere kënnen.

Unser Onlinekalender
Unser Onlinekalender
iam for kids
iam for kids
Antolin - Mit Lesen punkten!
Antolin - Mit Lesen punkten!