Scheckiwwerreechung Charity Run & Walk / Flashmob (13.7.2026)

28.000 Euro fir krank Kanner – e staarkt Zeeche vu Solidaritéit

Bei der feierlecher Iwwerreechung waren de Buergermeeschter an déi zwee Schäffe vun der Gemeng Stengefort, de President vum Schoulcomité, Vertriederinnen a Vertrieder vu béiden Organisatiounen (ALAEC – Häerzkrank Kanner & Fondatioun Kriibskrank Kanner) souwéi vill Kanner a Membere vum Léierpersonal dobäi.

De gesammelte Montant ass d’Resultat vum Charity Run & Walk vum 5. Juni 2026, bei deem déi ganz Schoulgemeinschaft sech mat vill sportlecher Energie an Häerz fir krank Kanner an hir Familljen agesat huet.

E besonnesche Moment war dee gemeinsame Flashmob zum Lidd „Gute Laune“ vu GroßstadtEngel, mat deem d’Kanner an d’Léierpersonal d’Manifestatioun voller Freed an Energie agelaut hunn.

D’Iwwerreechung vun de Schecken huet nach eng Kéier gewisen, wat entstoe kann, wann eng ganz Schoulgemeinschaft zesummenhält.

E grousse Merci un all d’Kanner, d'Familljen, de Sponsorinnen a Sponsoren an un all déi Leit, déi zu dësem aussergewéinleche Resultat bäigedroen hunn.

Visitt vum Educatiounsminister Claude Meisch am Cycle 4.2 zu Klengbetten (25.6.2026)

Visitt vum Educatiounsminister Claude Meisch an der Klass vum Renée Schaber zu Klengbetten.

Ee grousse Bravo un d'Schülerinnen an d'Schüler mat hirer Léierin fir déi exzellent Aarbecht an déi super Leeschtung. (© Fotoen: MENJE)

Charity Run & Walk (5.6.2026)

Bamplanz-Challenge (10.12.2025)

Schoulbuet 2025/2026

SNE / CGFP

Extrait aus de Stengeforter Neiegkeeten - De Magasinn vu Stengefort (N112 - Juli 2023)

Portrait vum Christian Kohnen
Source: Stengeforter Neiegkeeten - De Magasinn vu Stengefort (N112 - Juli 2023)
magazine-stengeforter-neiegkeeten_juli23
Adobe Acrobat Dokument 552.6 KB



Kontakt:

[email protected]

Tel: 399 313-301

facebook.com/ckohnen

Unser Onlinekalender
Unser Onlinekalender