Scheckiwwerreechung un d'ASA a.s.b.l. (Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn) 13.1.2020

Scheckiwwerreechung un d’ASA (d’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn) 🎃
Den 13.1.2020 hunn d’Kanner an d’Schoulpersonal vun de Cyclen 1 & 2 vu Stengefort a Klengbetten zesumme mat den Elterevertrieder den Erléis vun hirem flotte Kürbismaart resp. dem Bicherfloumaart vum 25. Oktober 2019 un d’Vertrieder vun der ASA iwwerreecht. A Präsenz vum Schäfferot an engem Vertrieder vun der Regionaldirectioun Mamer konnten d’Kanner e Scheck vun 4850 EUR fir de gudden Zweck iwwerreechen.

Villmools MERCI de Schoulkanner, hiren Enseignanten an den Elterevertrieder fir den Engagement an dee SUPER Erfolleg. 👍👏

Unser Onlinekalender
Unser Onlinekalender
iam for kids
iam for kids
Antolin - Mit Lesen punkten!
Antolin - Mit Lesen punkten!