E Sonndeg, den 18. Dezember 2016 hu mir um Chrëschtmaart zu Stengefort op der Gemengeplaz eis Bastelaarbechten fir e gudden Zweck verkaf. Den Erléis vum Stengeforter Chrëschtmaart 2016 gëtt un 2 Organisatioune gespend:
CSI ('Entwécklung duerch Bildung’ www.csi.lu) an d’Fondatioun Kannerduerf Miersch (www.kannerduerf.lu).
Zesumme mat de Schülerinnen a Schüler aus deenen anere Klasse vun der Stengeforter Grondschoul an der Equipe aus der Maison Relais hu mir déi 2 Weekender eng Recette vun 2802,50 EUR gemaach (Gewënn: 1716,67 EUR).
Iech all villmools Merci fir ären Asaz fir dëse gudden Zweck!