Unser altes Gästebuch

89  Datum: 2007-09-29 07:20:53
patrick ( claropatrick@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

hallo ich finde dieses schuljahr wird toll und witzig sein

88  Datum: 2007-09-28 15:14:26
Tracy ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hallo ich finde dieses Schuljahr ganz toll.Reschnen ist mein liblings Fach.

87  Datum: 2007-09-28 11:11:28
shayanne ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hallo ich bin shayanne.Ich möchte in ihere Klasse, wenn ich gro3 bin.Ich bin die kleine Schwester von
Shannon.

86  Datum: 2007-09-27 17:22:39
Samantha ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Es war heute super heute,weil es mir spa3 machte.
Ich freue mich schon für morgen.Du bist sehr lieb.
Ich wünsche dir eine gute Gesundheit
Deine Schülerin Samantha

85  Datum: 2007-09-27 13:08:02
shannon ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hallo,Herr Kohnen es wird ein super Jahr.

84  Datum: 2007-09-26 16:15:01
Samantha ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Du bist ein lieber Lehrer ,ich freue mich dich
als Klassenlehrer zu haben.
Die Klasse gefällt mir und ich freue mich schon auf das neue Schuljahr.
Du machst immer interessante Sachen mit uns
Deine Schülerin Samantha

83  Datum: 2007-08-30 13:08:51
Christian Kohnen ( classekohnen.steinfort@ecole.lu / http://www.schoul-stengefort.lu/klassen/ck/default.htm) schrieb:

Elo wou d'Vakanz esou lues awer sécher eriwwer ass, hunn ech emol eis Homepage aktualiséiert. D'HP ass elo prett fir meng nei Schülerinnen a Schüler. Ech freeë mech op meng nei Klass a si scho ganz gespaant iech all kennen ze léieren.
Ech wënschen awer och mengen "ale" Schülerinnen a Schüler eng gutt Rentrée a Bonne Chance am Lycée. Ech hoffen, dass dir mech a meng nei Klass emol besiche kommt.
Iech all nach eng schéi Rescht-Vakanz a bis geschwënn... :) CK

82  Datum: 2007-08-29 17:47:37
anouk ( frech_maus@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

hallo alleguer! jo elo gleich fänkt schoul neess un! dass schon iergendwei kommesch wann een bedenkt daat een elo an den lycee geet! mee awer och mega cool=)! kommen klass och esou schnell ewei meiglech besichen! hunn bestemmt vill ze erziellen, (wei dei aanner bestemmt och)=D d´vakanz war awer ganz schein! awer neess och zimmlech schnell eriwwer! hehe! majo mei hunn ech dann och net ze ziellen! ;) dann bis eng aanner keier! ciao!

81  Datum: 2007-07-25 08:46:45
anouk ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

yuhu hunn haut gebuertsdaag!!!!!

80  Datum: 2007-07-17 11:22:41
Ben ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

ech sinn mega traurech well ech meng Klass nie verleiren wollt awer et ass flott dat et grouss vakanz ass

Hunn mega d Geneck wei vunn den Knuppautoen LOL

79  Datum: 2007-07-17 10:52:31
Vicky ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Déi lescht Fotoen sin déi beschten Erennerungsstecker un meng Ex-Klass!

78  Datum: 2007-07-15 09:26:37
anouk ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

endlech grouss vakanz!!!! ass och zeit ginn!!!! freen mech schon fir an vakanz ze fouren an och naierlech fir mein gebuerstdaag!!!! trotzdem wärt ech d'klass MEGA VILL vermessen!!!!

77  Datum: 2007-07-14 10:30:53
Vicky ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Lo ass endlech Vakanz!!

D'Schoul vermessen ech iwwerhaapt net!!
Mee ech wärt meng Klass vermessen!!

76  Datum: 2007-07-10 18:11:27
Lisa Dupong ( licka_frech@hotmail.de / http://rockeg-maus.chill.lu) schrieb:

Also ech sinnf rou dass vakanz ass mais ehc wärd baal ganz klass vermessen

75  Datum: 2007-07-07 17:44:36
elvira ( elvira_tanovic@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

yupiiiiiii gleich vakanz ech freen mech schon mais ech weard awer och GANZ klass vermessen
:(:(:( liewen ass hart !!!!!
ech hunn schon meng ried geschriewen hoffen se ass gutt!!! ech sinn mer 100% secher dass puer aus der klass kreisxhen wann se ried opsoen Z.B.: Ech - Alexia - AnneM - Anouk - Sabrina an nach puer OK eddi bis en meinden

74  Datum: 2007-06-12 10:51:15
Myriam ( harabym@hotmail.de / keine Homepage) schrieb:

Moien!

Ech hu grad ganz äifrëg all d'Fotoë vu Fiesch gekuckt. Dir schéngt jo wierklëch eng supper Woch gehat ze hun an ech hoffen, dass ët iech all gefall huet an der vill schéin Erënnerungen matt zréck bruecht hutt!
Ech hun op alle Fall di ganz Woch un iech geduecht! :o)
E schéine Bonjour vu Freiburg!

Myriam

73  Datum: 2007-04-27 19:16:13
Jenny ( greischj@yahoo.de / http://jenny-maus.hot.lu) schrieb:

salut, majo ech hun gesinn dass elo och eng extra seit vun Fiesch drop ass an dunn hun ech fotoen gesinn vun menger aaler Klass (2005) et ass awer emmer rem schein dei flott fotoen ze kucken. Majo ech sollt jo mol lanscht kommen an ech hun dat nach emmer net gemat me an der lescht hun ech net sou riichtech zait me ech probeieren sou schnell wei meingleg ze kommen me ech geif mengen wann ech engkeier bis ran moien soen kommen dann wert dat no HOlzgau sinn also nom 13 well dann sinn mir rem zreck vun eiser Vakanz mat der Klass. Majo also dann ech machen mech rem bis dann byebye

72  Datum: 2007-04-24 09:47:34
maika ( poos_maika@yahoo.de / keine Homepage) schrieb:

hallo...
an wei geet et ierch?
ech wollt mech mol nees engker mellen, no sou langer zeit :-)kennt mech schon keen mei
Mengen ech hat epps klenges vergiess... Misst nach engem nodreiglech zum Gebuertsdaag wenschen... en fänkt un aal ze gin ;-)Alles guddes fir deng ...:-) Joer
jojo me eis geet et net anescht
ma dann loossen ech ierch nees
an maat lues mat earem här lährer...
ciao
maika

71  Datum: 2007-03-05 08:38:36
leon ( leon_bosje@hotmail.com / http://www.leonbk.chill.lu) schrieb:

moien wei geet et?

70  Datum: 2006-12-31 22:19:22
Anouk ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Gudde Rutsch!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!

69  Datum: 2006-12-24 11:58:12
Anouk ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Ech wenschen jiddwer engem schéin kreschtdeeg!

68  Datum: 2006-12-16 12:18:24
Anouk ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Herr Kohnen, krut ech eng gutt an der Prüfung?

67  Datum: 2006-12-12 21:42:59
isabelle ( sasabel_02@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

hallo alleguerten zesummen
hoffen den christian beheelt sech gudd =)
mjo kommen demnächst engkeier lanscht wann der welt!!soet mer bescheed ob ech soll kommen,dann maan ech main bescht!!
vill spass nach an der schoul,an vill gleck an den prüfungen
bis dann

66  Datum: 2006-12-12 17:29:42
nicolas ( magic-nico7@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

an wei get et bei hierch beim get et ganz gut am lycee dass ze licht fir mech op mudolaire normale ach weis misst ech op technique goen awer ech hnu mein 6 schuljahr net gemach dann muss ech bis zum end fum jor warden dan ginn ech op technique.An nach 1 decken kuss fir ierch alle.ech kommen och nach
1 keier lancht ok.tschus

65  Datum: 2006-12-06 20:50:41
Renee ( rs2778@yahoo.de / keine Homepage) schrieb:

en decken Kuss vun Miersch !!

64  Datum: 2006-11-15 17:43:37
jenny ( greischj@yahoo.de / http://jenny-maus.hot.lu) schrieb:

heyy majo messi fir dei leif mail .
majo bis lo hun ech jo gudd punkten
an ech hoffen dat get och weider seu
majo ech kucken wann ech engkeier mei zait hun dann kommen ech engkeier bis rann moien soen .

seu sinn rem fort
byebye

63  Datum: 2006-11-12 08:40:35
jenny ( keine Email / http://jenny-maus.hot.lu) schrieb:

majo wollt mol rem moien soen kommen
ech hun den moment net vill zait fir bei dech ze kommen well lo get prüfung zait rem lass ...
den moment fannen ech 8ieme net schweier ...

seu sinn rem ab
byebye

62  Datum: 2006-11-01 12:47:31
Anouk ( Schweinchen_1995@yahoo.de / keine Homepage) schrieb:

Halli Hallo! Ech sinn mega frou daat et Vakanz ass! Mee esou lues an lues fänkt Schoul nees un... Leider... Nach eng schein Vakanz!

61  Datum: 2006-10-09 10:40:13
Conny ( feiereisen_conny@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

Halli Hallo ihr Lieben:)
Wei geet et iech an aerem "neie" Schouljoer?
Ech schecken iech e scheine Bonjuer aus dem scheine grengen naasse Schottland (ouni Prabbli as een hei komplett verluer;))!
Ech hun elo nach 1 Stonn Cours an da muss ech heem schaffe gon, mee di Leit dei iwwert eis wunnen "hu se net mi all", se tramplen doruechter wei Elefanten, an ech hoffen et kennt net enges Dags ee vun hinnen duerch de Plafong gesegelt! ;)
Geneisst aer Zait bei aerem Haer Laehrer ('t deet mer Leed mee di Tastatuer hei huet keen Trema, keen ae, keen ue, keen oe, keen accent aigu an naischt:) ), hie mengt et nemme gudd mat iech:)
Bis dann:)
Conny

60  Datum: 2006-09-30 10:17:27
Ben ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hues du mat Tippex op mengem Steckbrief eweschgemach dass ech dech net leiden kann!!!!
:-(

59  Datum: 2006-09-28 13:19:58
Carine ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Schécken iech all e schéine Bonjour vun der uni.lu Campus Walfer ;)

58  Datum: 2006-09-22 18:20:29
Anouk Christmann ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Halli Hallo! Wenschen iech alleguerten en scheinen bonjour an och en scheinen Week-end!
An vill Spass beim Léieren!

57  Datum: 2006-09-09 18:11:28
Ben ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Moien Christian. Leider geet Schoul e Freideg un. Hoffentlech hues de meng Kaart kritt.Eddi.

PS:Freen mech iwwerhaapt net op d' sCHOUL

56  Datum: 2006-08-30 15:31:31
Tanja ( tanja.gilson@cist.lu / keine Homepage) schrieb:

Super Hp war emol kuerz dran luusen macht weider esou ciao bis den 15. September

55  Datum: 2006-07-17 14:49:19
Julie ( Ramiroherz@hotmail.com / http://thought.party.lu) schrieb:

Bonjour! Äer Fottoen sin zwar wierklech genial vun Blankenberge hun mer se suguer alleguerten ugekukt! War bestemmt flott do :) An se sin jo suguer reiden gaangen deng Schülercher hehe dat hätt ech och gäer gemach ^^

majo alles guddes an eng schein vakanz
Julie

54  Datum: 2006-07-15 13:25:08
Anouk&AnneM. ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Moien Herr Kohnen! mir zwee wenschen der eng ganz schein Vakanz!

53  Datum: 2006-07-12 12:52:27
Myriam ( harabym@hotmail.de / keine Homepage) schrieb:

Moien dir Léiwer!

Ech hu grad un iech geduecht, well der jo de Moment op äerem Schouläusflug sidd. Ech sin natierlëch schéi virwëtzëg a wëll onbedingt wëssen, wéi ët da war! :o) Hudd der vill gesinn an iech gudd ameséiert? An huet de Schoulmeeschter sech och geschéckt?! ;o)
Tjo, ech hat leider nët sou vill Chance wéi dir, well ech déi lescht Deeg bei däer Hëtzt hu misse léieren..

Also dann: ech wënschen iech nach flott lescht Schouldeeg (déi puer éischt an déi lescht Deeg vun der Schoulzäit sin dach ëmmer déi schéinst, oder nët?!) an dann eng ganz schéin Grouss Vakanz!

E schéine Bonjour vu Freiburg!

Myriam
:o)

52  Datum: 2006-07-05 11:21:47
alma & elodie ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hey Christian,gechwen hu mir et gepackt et war ustrengent dat ma net mol eng Keier Zeit haten bei dech ze kommen mir verspriechen aver sou seire wei meigleg ze kommen dest joer ass mi seier gangen wei bei dir aver mir hun net sou vill geleiert an et war net esou schein wei bei dir p.s mir sinn frou t'Schmidt lass ze sinn,hat war richteg ekelech " Vous faites ça"

51  Datum: 2006-07-04 13:26:31
Jenny ( keine Email / http://www.suppajenny.hot.lu) schrieb:

hallo Christian , sinn mol op dei schein hp kucken komm , hun gleich vacanz war awer gudd am 7ième alles relax .allez man mech ab .....

50  Datum: 2006-06-01 15:53:07
elvira ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

dei sait ass MEGA gutt ginn an ech wenchen der ganzer Klass viel gleck

49  Datum: 2006-04-20 15:30:03
Jacques Schmit ( schmit.jacques@free.fr / http://www.restena.lu/elan) schrieb:

Hallo 5. Schouljoer vun Stengefot.
Ech maan grad den Tour vun allen Klassen vun Stengefort.
Daat as Unis-Liewen!
Gitt ierch all gutt drun, dann hutt der et och eng Keier sou flott wei ech.
Bis soss eng Keier

48  Datum: 2006-04-09 18:16:52
isabelle ( isabelle_sasa@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

Hello alleguerten,
majo ech wollt mech nach engkeier bei iech alleguerten bedanken dass der mech matgeholl hutt.ech hat richteg spass an ech hoffen dir och.ech hoffen mir gesin eis erem geschwenn.majo lo zu dir christian,wollt der nach engkeier merci soen et war mega cool!! wenschen ierch alleguerten nach eng schein vakanz =)
bis dann
ajo är HP as deck gudd =)
CU

47  Datum: 2006-04-07 07:10:26
anne.k ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

hallo alegur wéi get et

46  Datum: 2006-03-30 18:16:10
Julie ( keine Email / http://www.thought.party.lu) schrieb:

Hey sali dir do ^^ An wei geet et sou? Bei mir leeft alles glaat, as jo gleich vakanz ;) Äer Homepage as wierklech den glanz, respekt! Wéi ech gesin, hun och 2 Meedecher aus denger Klass d'Päerd virgestallt, sou wéi ech wou ech bei dir war Christian hehe majo an nach eng Fro un dei 2 : Gidd dir op Habscht op d'Kempemillen reiden? Well um Plakat as dach eng Fotto vum Cannelle, oder? Hehe geif mech lo mol interesséieren ^^ Majo wäer cool wann ech géif eng Äntwert kréien, schreift einfach an mein Gästebuch op menger Homepage ;)

Merci an bis soss!
Julie

45  Datum: 2006-03-23 18:36:14
NICOLAS ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

MOIEN ERLEHRER ECH SIN ENG KEIER KUCKEN MIR GEFALLET EIS HOMEPAGE

44  Datum: 2006-03-23 15:51:36
Myriam ( harabym@hotmail.de / keine Homepage) schrieb:

Moien dir léif Leit!

Ech wollt mol froën, wéi ët iech sou geet a wat der schéines schafft?
Ech hun en Dënschden nach ganzer 9 Stonnen u méngem Dossier geschafft. Zum Schluss war en esou déck, dass ech en a keng Enveloppe méi krut!! Sin dofir gëschter bei d'Mme Inspektësch op de Büro gefuer, an hu méng Aarbëcht do ofgin. Elo waarden ech da just nach op eng Äntwert...
Wann ech mar de Mëtten Zäit hun, kommen ech mer(wann dat geet) kuerz viru 4 d'Fortsetzung vun äerem Buch uläuschteren! ;o)

Ma gudd, da wënschen ech iech nach vill Spaass bei wat och ëmmer der maacht an da géif ech soën, ass ët bis geschwënn!

E schéine Bonjour,
Myriam

43  Datum: 2006-03-22 12:09:05
Elodie Alma an Noemi ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hey Chrisitan mir setzen hei am Kolleisch an mussen ons iwert dei Fotoen futi lachen mir kommen dech elo geschmen besichen en scheinen Bonjuer aus dem Koleisch en vum Herr Haag den ons haut en Viertrach gehale huet

42  Datum: 2006-03-15 09:34:07
Jan Horsting ( horst913@planet.nl / keine Homepage) schrieb:

Vielen Grüszen für Léon Bosje aus Doetinchem/
Holland

41  Datum: 2006-02-25 17:00:49
Melissa Goncalves ( goncalvesmelissa@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

Moien Christian! An, geet et? Ma, tip top deng arbescht op der Hp, hun mech futti gelacht!! =)

Bon, loosen dech dan erem, an mach weider!!

Ciao

40  Datum: 2006-02-24 16:42:21
ben ( keine Email / http://www.fettman.party.lu) schrieb:

moien, esch sätzen eis klass op meng hompage.
Komm luusen

39  Datum: 2006-02-20 12:24:14
Jeff ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Moien wéi geht et? Mir geht et gutt.

38  Datum: 2006-02-18 20:29:20
? ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hey ,schreift mol oder soll ech schreifen jo.

37  Datum: 2006-02-18 20:23:20
Jerome ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hey,här Kohnen jo.Jo,jo,jo,jo,jo,jo,jo,jo,jo,jo.

36  Datum: 2006-01-07 12:30:27
Yannick Ha ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Moien dir leiw schueler an schuelerinnen.Di mescht vun iech kennen mech net mei mee ech hun en gudden del geschicht hei geschriwen.Ech hun och d' fotoen vun fisch 99 gekukut.Meng enzeg reklamatieun as, das en Anton net Antom schreiwt.
Scheint nei joer 2006

35  Datum: 2005-12-03 08:54:30
Julie ( Ramiroherz@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

Hey Christian ! Wollt ierch mol rem epps an äert Gästebichelchen schreiwen. Majo mir geet et gutt, hoffen dir an denger Klass och! Hun leider guer keng Zäit méi fir bei ierch ze kommen, as déck schued dat. Muss kucken dass ech ma mol en Dag fräi huelen an dann bei ierch kommen, hehe

Vill Gléck na an da Schoul!
Julie

PS: Kanns ma jo mol eng E-Mail schreiwen oder op meng Homepage (www.ramiro_haerz.party.lu)! Merci!

34  Datum: 2005-11-28 08:59:32
Ben ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Mir gefällt alles außer dass ich nicht gut gemalt habe

33  Datum: 2005-11-25 13:46:26
christopher ( chris_reichling@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

hallo christian, ann wei geedet zu stengefort, ech sinn schonn laang net mei komm well ech bei mengem papp lo wunnen. geff denger schuler e scheinnen bonjuer matt. daas deck komesch iech lo fier dei eichte keier ze schreiwen. ech vermessen de kolleisch och. sou ech hunn naischt aaneres ze soen, ech hunn jo nie vill geschwaat. da ginn ech, salut.

32  Datum: 2005-11-12 14:20:52
Jérome ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Hallo ech fanen Seit cool außer enger Sach (Rosina Wachmeister)

31  Datum: 2005-11-11 16:40:32
Ben ( keine Email / http://www.fettman.party.lu) schrieb:

Esch war et de Ben wollt emol d' Klassenhompage kucken

30  Datum: 2005-09-26 16:08:05
maika ( poos_maika@yahoo.de / keine Homepage) schrieb:

hallo leiw schüler an leiwen Här Lährer!
Waat as dann hei mat äerem Gästebuch lass? et schreiwt jo guer keen mei eppes hei hin? eieiei... lo mussen mer daat mol nees enneren.
majo ech mengen ganz vun ierch kennt baal keen mei mech. ech war an der 1. klass dei den Christian haat an ech hoffen dass dir genau sou eng schein Zeit mat him verbrengt wei mir mat em verbruecht hun. mettlerweil hun ech baal 19 joer an ech seenen mech vergebens no der Zeit zreck wou nach alles sou schein einfach war :-)
majo dann wenschen ech ierch all nach eng schein Zeit zesummen an vill Spass.
maika

29  Datum: 2004-12-12 19:26:40
Carine ( Carine_Linster@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

Hey Dir! Et gett mol Zäit dass ech iech mol Zäit dass ech iech rem eppes an ärt Guestbook schreiwen... di meescht vun iech wärte mech mol guer net mi kennen, et ass schonn eng Zäitchen hier dass ech an deene Bänke souz, wou dir lo setzt... ma kleng Hellef: ech sinn der Joffer Susy hiert Meedchen... :)
Majo, ech wollt iech just soen, dass är Säit supper ass an ech hu gesinn dass der och schonn e Krëschtbeemchen opgeriicht hutt.. lo hutt der et jo geschwë gepackt dann ass Vakanz! Da maacht et gutt an iergert de Christian net! Bis dann an eng schéi Vakanz!.

28  Datum: 2004-12-10 12:11:53
simone ( simone.loutsch@vdl.lu / keine Homepage) schrieb:

E scheine gudde Metteg

Endlech hun ech de Wee op är Homepage fonnt, an ech fannen se super. Natirlech gin ech e besschen neideg, wann ech gesin wéi laang et nemmen nach ass ier dir op Fiesch gitt ... mee ech wenschen Ierch all eng ganz schéin Zait am Rosentirli!

Ech war elo virdrun nach op d'Homepage vun enger aanerer Schoul kucken, déi och ganz flott ass, an déi interessant Projet'en beschreiwt, neemlech déi vun der Rodanger Schoul "Am Paesch"

E besschen Reklam kann secher net schueden, an duerfir Avis aux amateurs...

Dir, Christian, e léiwe Bonjour an hoffentlech bis geschwenn eng Kéier :)

Simone

27  Datum: 2004-11-20 09:42:10
max brendel ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

hallo

26  Datum: 2004-05-27 17:34:02
poos maika ( poos_maika@yahoo.de / keine Homepage) schrieb:

hallo dir alleguer!
waat wor ech schockeiert wei ech abeemol dei aal fotoen vum 5. an 6. als mail vun enger frendin gescheckt krut. hat huet dei per zoufall fond wei et eppes am internet gesicht huet. deck lusteg
hey meng ex matschüler machen iech jo sou richteg motivatioun! me ech fannen mettlerweil dass es guer net sou schlemm am lycee as. 5. an 6. sin zwar nach emmer dei allerbesten joeren gewiecht. me mettlerweil hun ech mein wee font waat mer spass mecht an lo as den lycee ganz an der reih. do der zweschent woren zwar puer ellen joeren me ech hun se jo awer iwerstaan. ech sen lo op enger 10 ps an daat as deck cool.
majo dann loossen ech iech lo nees.

ganz scheinen bonjour un dech christian an ech hoffen et geet dir nach emmer gudd.
nach 1 daag dann kanns de dech jo nees vun denger band erhuelen. ech hoffen sie sen genau sou eng fein klass wei mir et waren. :-)
ech hun schon vill un dei 2 joer zereck geduecht. wou mer op kockel waren, fiech asw war wieklech eng flott zeit. an deen klengen breif deens du eis den leschten daag wou mer zesummen waren, ausgedeelt has, hun ech och nach emmer. :-)
also bis dann
maika

25  Datum: 2004-04-06 13:43:48
Laurent Biewer ( laurent.biewer@education.lu / http://www.restena.lu/primaire/mondorf/) schrieb:

Hallo alleguer!

Kompliment fir aer Sait! Den Site ass richteg informativ. Ech hu mir d'Sait gudd ugekuckt well meng Klass och wollt eng Internetsait erstellen.

Maacht weider esou.

Ech wenschen iech alleguer eng schéi Vakanz!

24  Datum: 2004-03-19 19:22:05
Julie ( Gambia@internet.lu / keine Homepage) schrieb:

Hey Christian an natirlech dir Schüler =) Sorry dass ech an leschter Zäit net méi esou oft bei ierch war, mä leider ass am Moment Prüfungszäit. Déi ass awer och Gott sei Dank nechst Woch eriwwer. An vu que dass den Lycee éischter fräi huet (Denschdes schon) kommen ech Mettwoch laanscht. Merci pour votre compréhension an maacht et gutt *g*
Julie

23  Datum: 2004-02-28 15:05:01
Luc ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Salut,ech hoffen dir geet et gutt mei nei Klass ass kool mee ech hat dei aner leiwer,een bei mir an der Klass den emmer schleit wan eppes hin net passt ech kommen gleich erem enkeier lanescht bis dann saut
Luc

22  Datum: 2004-02-28 15:01:08
Damien H. ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Ech huneng fro ,weini ass eis Tagebuch vun Fiesch do!?

21  Datum: 2004-02-27 22:01:25
Damien H. ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Salut,ech hoffen dir geet et gutt .Ech kommen dech mol erem besichen .Meng nei collegen sin mega .Awer meng all klass war besser...
P.s: Scheine bonjour vum:Pol an dem Luc.
adios

20  Datum: 2004-02-18 13:18:12
julie an yannick ( tidus_geheim@yahoo.de / keine Homepage) schrieb:

Du wolls jo meng e-mail adress an sou hun ech maer geduert dass ech se dir dann lo schlussendlech gin, (sorry weinst daer verspeitung...)

moien christian!
wéi geet et? mir setzen an der techno an hunn keng loscht dat zemaan waat ma sollen an wels du jo och irgendepes mat schoul zedinn hues, hunn mir un dech geduerscht!
mir wollten eng keier lanscht kommen, mee vuque daat mir net wessen weinis du zaeit hues kinnst du dech jo eng keier mellen an bescheed soen.

ciao

19  Datum: 2003-11-29 20:19:08
Yannick Hoffmann ( keine Email / http://mics.party.lu) schrieb:

Salut Christian.
Ech hun mech amuseiert an engem Siich-programm mein Numm anzeginn, an kuk do, ech sin hei eraus komm!
Mega relixx vun dir dass du nach un eis denks, hätt ech net geduert. Ech setzen lo (erem) op 10ième vuque dass ech mein Joer net gepackt hun, mee daat ass och guer net schlemm, well lo sin ech zu Mamer an dar Schoul an daat beschten ass, JULIE ass bei mir an dar Classe!!
Sin mega happy dorifer.
Mir zwee denken och nach oft zereck un dei gudd aal Zäiten bei dir, an ech mengen dei waerden mir och nie vergiessen. Et woren dei 2 beschten Schouljoer dei ech bis lo an mengem Lierwen hatt.
Eis Klasse wor super, an du wors och megaaa korrekt, hues deng sach richteg gudd gemach (wann een bedenkt dass et deng eicht 2 Joer woren...!!!) Respekt!
Ech hun meng pläng nach emmer net geännert, well nach emmer Schoulmeschter gin. Du hues mir (an och nach ganz viel anner Schüler) bewiesen daat leiren Spass machen kann, an daat and Schoul goen net nemmen gezwongen muss gin, nee et kann och freiwelleg gescheien! Dofir well ech an deng Fousstapfen trieten.
Waat gings du eigentlech vun enger Klassenfriess haalen?
Wanns du drun intresseiert bass kanns du mir et jo an mein Guestbook schreiwen, dann organieseiren mir (deng aal schüler) eppes.
Ech hun dir meng homepage unginn, kanns dech jo eng keier mällen wanns du wells.
Ging mech freen.
Dein ex-schüler Yannick

18  Datum: 2003-11-21 16:03:12
Michel ( linstero.@pt.lu / keine Homepage) schrieb:

Salut! Ech wemschen denge Schüler vill Gléck an de Prüfungen! Huel hinnen e schéine Bonjour mat! Ech kommen dech nach enganerkeier besichen! bis dann! Michel!

17  Datum: 2003-11-20 14:24:20
Tanja ( Tanja66@internet.lu / keine Homepage) schrieb:

Hallo dir alleguer!An wei gefällt et iech dann beim Christian?Mir huet et emmer deck gut gefall,besser wei elo...
Also geneisst et sou laang der nach an der Primärschoul sid,do as et net sou ustrengend!Ech well och rem zreck an 5.Schouljoer!
An fannen et deck cool vun dir Christian,dass mir(also deng eischt Klass)nach eng Plaz op denger Homepage hun!Et as wirklech scho laang hier,mee et waren awer gut Zäiten...an zumols zu Fiesch,do erwart ierch nach eppes,dei Vakanz waert ech nie vergiessen...
Mee lo loossen ech ierch rem schaffen,dir musst jo awer nach eppes leiren!:)
Dann bis eng aner Keier Christian,an maach et gut!
Tanja (Eng Ancienne:))

16  Datum: 2003-10-13 15:34:23
Conny ( feiereisen_conny@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

BonjuerBonjuer!
An, wat zwiwwelt der dann esou? *seufz* wat géif ech lo drëm gi fir nees zréck am 5. Schouljoër ze sëtzen- Kanner, do ass ët nach schéin!! ;o)
allez dann, maacht et gutt an op alle Fall nach besser!
tüdelü! (hm dat kënnt dervu wann ee gutt gelaunt ass! ;o) Ah jo: merci Christian datt mer nach eng kleng Plaatz op denger HP hun! =) )
conny

15  Datum: 2003-09-26 17:44:06
Julie ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Eeeehm sorry, ech mengen natiirlech am 5. Schouljoer =) Hat mech lo geiert. Kennt vir =)

14  Datum: 2003-09-22 17:06:35
Julie ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Merci Christian =) Mir hun schon immens vill ze schaffen op 7e ! Dem Thierry, dem Michel, dem Christopher an dem Lynn geet et och gutt. Okay, dann nach vill Spaß am 6.Schouljoer ! Genéißt et, sou spéit opzestoen, mir mussen schon um 10 vir 7 raus, vir den Bus ze erweschen.

Julie

13  Datum: 2003-09-22 14:49:33
Christian Kohnen ( classekohnen@education.lu / http://www.schoul-stengefort.lu/klassen/ck/default.htm) schrieb:

Zur allgemenger Information: Mir haten nach keng Zäit fir eist Fiesch-Tagebuch fäerdeg ze maachen. Wann et esou wäit ass, da luede mir iech all an d'Schoul an fir iech de Film ze weisen an da kritt dir och eng Kopie vum Buch als Souvenir mat heem. Bis dohin nach Bonne Chance op 7e.

12  Datum: 2003-09-03 17:51:22
Julie ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Salut dir! Ech wollt juste froen, wéini dass d`Berichter iwwer Fiesch heihinner kommen. Okay, merci an ciao.

Julie

11  Datum: 2003-07-08 18:30:40
Julie ( Gambia@internet.lu / keine Homepage) schrieb:

Jo, Carine, stëmmt, mir wessen awer och elo wéi gutt mir et beim Christian hun *gg* Mir haten haut eis lescht Prüfung (Mathé) déi nach eng Kéier richteg schwéier war. Mais en Freiden geet et an den Six-Flags, juche! Bon, loossen ierch rem

Julie

PS: En Méinden den Owend ass Party ugesot =)

10  Datum: 2003-07-08 16:38:49
Carine ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Salut!
Sou, lo hutt der et geschwenn gepackt, mee da geet den Eescht léischt richteg un! Dir wärt geschwenn mierken wéi gutt der et beim Christian hat.
Mee lo kennt jo mol nach VAKANZ! ;o)
Ech wenschen iech alleguer vill Gléck fir d'nächst Joer!
Ciao Carine

9  Datum: 2003-06-20 12:52:29
Nashy, Julie & Sandrine ( Gambia@internet.lu / keine Homepage) schrieb:

Hello Christian. Et war voll flott zu Fiesch an mir giffen gäeren nach eng Kéier mattkommen. Okay, dann bis soss eng Kéier

Julie, Nashy, Sandrine

8  Datum: 2003-02-28 17:11:21
Conny ( feiereisen_conny@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

salut dir schéi leit! ech hoffen dir ameséiert äerch gudd beim christian an der klass ( genéisst et sou laang der nach kënnt!!;o) ) majo majo da schafft nach gudd!!! =)

7  Datum: 2003-02-18 12:21:29
Michel ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Salut Klass!
Vakanz ass zwar cool, mee meng Mamm suergt derfir dass ech d'Vokabelen an d'Mathé net vergiessen...

Vill Gléck an den Tester, äre Misch

6  Datum: 2003-02-09 19:35:13
Carine ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

Salut alleguer!
Ech wenschen iech alleguer vill Spaß zu Fiesch an hoffen dass et bei iech genau sou flott gett wéi bei eis deemols (dat ass schonn zimmlech laang hier...)
Saluti
Carine

5  Datum: 2002-12-27 16:07:42
Nadine ( Nadine_540@hotmail.com / keine Homepage) schrieb:

Schein, dass du d`fotoen vun eis nach gehal hues, ech kommen emmer erem op des säit kucken.
Ech gin deenen ennert mir recht, ech well och nach eng keier mat goen.

4  Datum: 2002-11-30 15:33:52
Sandra Linda Christelle ( keine Email / keine Homepage) schrieb:

hallo christian mir wellen gaeren mat op Fiesch

3  Datum: 2002-11-19 20:03:21
pierre ( pierre44@internet.lu / keine Homepage) schrieb:

Diese Seite gefällt mir sehr gut. Ich wünsche der ganzen Klasse viel erfolg im ganze Jahr !!! :-)

2  Datum: 2002-11-11 18:47:18
Julie ( Gambia@internet.lu / http://www.tessmala.de.vu) schrieb:

Hoppla! Hun mech hei op eiser Homepage veriirt :) Hun grad déi Berichter iwwer Fiesch gelies, dat gët bestemmt flott. Et huet jo nach keen Mensch hei dran geschriwwen ;) Naja, dann sin ech den éischten.
Bye bye,
Julie

1  Datum: 2002-08-27 17:43:07
Klasse Kohnen ( classekohnen.steinfort@ecole.lu / http://www.restena.lu/primaire/steinfortecoles/klassen/ck/default.htm) schrieb:

Mir Schüler a Schülerinnen aus dem 6. Schouljoer freeën eis op äer Messagen a Kommentaren.
Unser Onlinekalender
Unser Onlinekalender
iam for kids
iam for kids
Antolin - Mit Lesen punkten!
Antolin - Mit Lesen punkten!